Fanfares des Faubourgs

 

Home Musek Jugend Musek Strëpp Links Fotoen Audio & Video News Kalenner

FoFa Webmail

 

 

 

     


Nationalen UGDA'S Concours fir Harmonien a Fanfaren

De 4. Mee 2008 haten d'Fanfares des Faubourgs e groussen Erfolleg um nationalen UGDA's Concours zu Bartreng/Stroossen.
En 1. Präis mat grousser Auszeechnung an en 1. Präis mat Auszeechnung an der Catégorie B (der 2. héchster).

 

Fanfare Grand-Ducale de Clausen

 Fanfare Municipale Neudorf-Weimershof

D'Clausener Musek 1851 als Pompjeesmusek gegrënnt,  bis 1901 sech dann d'Pompjeeën an d'Musek zum 50. Jubiläum   getrennt hunn.
D'Clausener Musek krut den Zousaz 'Fanfare Grand-Ducale' zu hirem 75. Jubiläum 1926 vun der Cour Grand-Ducale zougestan.
D'Neiduerfer Musek ass 1907 gegrënnt ginn, déi éischt hate sech op der Hierzekrëpp zesumme fonnt. 1972 huet d'Fanfare Municipale de Neudorf sech de Weimeschhaff, hire bewunnten Deel um Kiirchbierger Plateau, duerch Statutenännerung an hiren Numm bäigesat.

An all deene Joeren huet d'Fanfare aus Clausen u Concoursen deelgeholl an huet sech schlussendlech an der 'division excellence' (déi 3. héchst vu 7 Divisiounen) klasséiert an zwar als 3. vun den héchstklasséierte Fanfare vum Land. An Däitschland ginn déi Clausener an der Oberstufe der zweethéchster vu 6 gefouert.
Déi zwee Clausener Jonge Robert Schuman an Henri Pensis waren Éieremember vun der Fanfare.

Och d'Neiduerfer Musek huet op Concoursen deelgeholl a sech bis an
1. Divisioun eropgeschafft.

  Am Juni 2003 hu sech d'Comitéë vun deenen zwou Museke getraff. Enn Juli hunn d'Musekanteversammlunge vun deenen zwou Museke sech bereet erkläert fir eemol et op 6 Méint zesummen ze probéieren an ënner der Direktioun vum Patrick Lux ze musizéieren. Den 2. September 2003 war déi éischt Prouf zesummen. Déi zwee Veräiner denken net méi dru fir getrennte Weeër ze goen.
Am Mee 2006 gouf eng nei eenheetlech Uniform der Ëffentlechkeet presentéiert. De Museks-ensembel 'Fanfares des Faubourgs' setzt sech zesummen aus 46 aktive Musekantinnen a Musekanten, 7 Membere vun de Comitéen déi net aktiv sinn, a beim Nowuess 47 Kanner vum éveil musical bis an d'Präisklassen am Conservatoire.
 

FoFa WebMail


KONTAKT

Post Adress: 7, rue Joseph Hess L-1732 Luxembourg

E-mail General Information: info@fofa.lu
 

 
Send mail to webmaster@fofa.lu with questions or comments about this web site.